Alarmen an Zougangskontroll.
Haut gehéieren Abréch, Vandalismus a bewaffent Iwwerfäll leider zum Alldag. Egal ob et sech ëm Industriegebaier, Geschäfter oder Privathaiser handelt: sech géint dës an aner Geforen ze schützen ass kee Luxus méi. Kombinéiert mat enger Feierdetektioun ass Är Sécherheet eng Prioritéit.
Fir Betriber ass d'Kontroll an d'Erfaassung vun de Persounen, déi op de Site kommen an en erëm verloossen, e wesentlecht Element fir den optimale Schutz vun Äre Wueren, Mataarbechter an Ärem Know-how. Bei der Planung vun engem Zougangskontrollsystem berécksiichtege mir Är Besoinen a passen op, datt d'Sécherheet net op Käschte vum Komfort vum Personal a vun de Visiteure geet. Eis Zougangskontrollsystemer ginn normalerweis mat anere Sécherheetsmesuren kombinéiert, wéi z. B. Parlophonie, Videophonie, Videoiwwerwaachung, Liftkontroll, Feier- an Abrochdetektioun.
Doriwwer eraus kënne mir Äert Zougangskontrollsystem mat anere Prozesser vun Ärem Betrib verbannen, wéi z. B. der Zäiterfaassung vun Ärem Personal um Site. Sou profitéiert Dir op eng effikass Aart vun enger optimaler Sécherheet. Mir kënnen och d'Beliichtung un de System koppelen, fir Energie ze spueren: fäerdeg mat Luuchten, déi brennen, obwuel keen méi am Gebai ass.
CCTV caméra de surveillance
Contrôle d'accès
Interface contrôle d'accès
Devis an Demonstratioun
Mir kommen an der ganzer Groussregioun bei Iech (Wallounien, Bréissel, Lëtzebuerg an Nordoste vu Frankräich).
Nous nous déplaçons dans la grande région.
Dépannage
En technesche Problem? Kontaktéiert eis.
;
+352 661 131 074
Nos partenaires sécurité
copyright 2012 | TVA LU25579913 | Autorisation No 10027844 | 16A Rue de la Montagne, L-6136 Junglinster, LUXEMBOURG